UNION CYCLISTE DU NORD ETTELBRUCK

 

 

Offiziell Kilometeren…….(wéi kréien ech...)

 

 

 

Mir fueren zwar enner Fräizäitlizenz, hun als eenzelnen och kengerlé (sportlech) Vepflichtung vis-à-vis vum Veräin, - et sief dann an Hand unzepaaken wa mir eppes organiséieren,  an dat ass wirklech net oft -,  mé eng sportlech Erausfuederung ass et trotzdem, an et get och alljährlech ee Klassement vun der Velos-Federatioun FSCL opgestallt wou  souwuel de Kilometrage vun all Eenzelnen, wéi och den Total vun all Veräin festgehaalen get.

A grad well mir ee Fräizäitveräin sin, vun dem et also keng sportlech Resultaten Méindes an der Zeitung ze liese get, - egal wéi gud oder wéi wäit mir Sonndes fueren -, ass et wichteg, dat mir eis gefuere Kilometeren, wann et also schon een offiziellt  Klassement get, och offiziell fueren, an esou eis Aktivitéiten am Club documentéieren. Sou hu mir all Joer och een offiziellt Resultat a Klassement  opzeweisen (grad wéi déi aaner Ettelbrecker Sportsveräiner), wat natiirlech och net onwichteg ass, wat et drem geet eis Aktivitéiten an der Gemeng a virum Gemengeroot ze beléen, wa mir z.B. fir eis Organisatiounen ee Subside ufroen.

 

Offiziell FSCL-Kilometer get et bei folgenden Manifestatiounen:

 

1.)    All national an international Randonnéen, ob mam Course-Velo oder mam MTB.

Viraussetzung ass allerdengs, dat den Organisator dem letzeburgeschen oder dem auslänneschen Velos-Veband ugeschloss ass. (Z.B. gin d´Kilometren, déi am Hierscht op der Housener MTB-Randonné gefuer gin, net ugerechend, well den Organisator net dem letzeburgeschen Verband FSCL ugehéiert).

 

Folgendes ass ze respektéieren:

Schon bei de Umeldung ass auszefellen, dat dir Member vun der UCNE Ettelbreck sid, an d’Nummer vun der Lizenz ass absolut erfuedert an op d’Umeldungsfiche ze schreiwen. Et kann och sin, dat d’Lizenz vum Organisator gefroot get well mir als UCNE/FSCL-Member ni méi wéi 5 EURO bei der Aschreiwung bezuelen, egal wéi grouss d’Streck ass.

Dess Kontroll-Fiche muss natirlech ennerwé iwerall oofgestempelt gin.

Bei nationalen Randonnéen mussen d’Fichen beim Organisator bleiwen. Op all Randonnée as ee Kontrolleur vun der FSCL am Büro, an den hellt all Fichen duerno mat.

Bei internationalen Randonnéen heescht et d’Fiche oofstempele lossen a wa méiglech duerno als Beweis mat heem huelen. D’Fiche muss dann onbedengt an d´FSCL gescheckt gin fir dat se validéiert get. Wann et aus organisatoreschen Grenn net méiglech war, d’Fiche mat ze brengen, sou kann als Ersatz och den Diplom vun der Randonnée oder een individuellt  Klassement (z.B aus enger Zeitung, oder Internetausdrock) desen Zweck erfellen.

Awer emmer gellt: onbedengt een Dokument bei d’FSCL aschecken, oder wann dat wirklech sollt ze vill sin, och bei der UCNE of gin (am Moment ass dat mol nach bei mir selwer).

 

 

2.)  Rallyen (z.B. déi, déi mir Sonndes-Moies fueren)

 

Bal all Sonnden ass irgendwou am Land ee Veräin, deen ee Rallye organiséiert. Dess Rallyen bidden ausschléislech zwou Strecken un, 25 a 50 Km, a méi gin der och nie ugerechend. Am Süden vum Land, wou och déi meeschte Veräiner sin, hun dess Aktivitéiten groussen Zousproch. Mé mir fueren natiirlech net (mam Auto, z.B.) op Deifferdeng fir do 50 Kilometer ze fueren.

Schon zenter Jooren hun d’Eislecker Veräiner d’Méiglechkeet, eng eegen Streck bei den entspriechenden Organisator ze schecken (an eng Kopie bei d`FSCL). Mir fueren dann ‚eis’ Rallyen ab Ettelbreck a kréien dann och 50 KM ugerechend (leider och wa mir der 100 fueren, mé dat ass nun eben sou, - ‚normal’ Cyclotouristen fueren jo och net Sonndes Moies 100 KM !)

Fir dess Rallyen get vun der UCNE eng global Feuille de Route ausgefellt, d’Nimm vun allen Participants gin Sonndes Moies bei den Organisator telephonéiert, an d’Fiche duerno bei d’FSCL gefaxt.

Mir fueren dess Rallyen, wéi gesoot, Sonndess Moies mat Départ em 9 Auer op der Maartplatz.

 

Et besteet awer och d´Méiglechkeet, de Rallye schon Samsdess ze fueren, an zwar zweschen 10:00 an 20:00 Auer (Sonndess ass dat iwregens zweschen 08:00 an 11:30).

Well mir dat awer net global mam Veräin maachen, muss een dann mat enger Fiche Individuelle fueren. Déi Fichen sin bei der FSCL um Internetsite eroff zelueden, oder si kennen och bei mir oofgeholl gin.

Wann dir Samsdess fuert, da musst dir natiirlech eis Ettelbrecker Streck fueren, sou wéi si all Woch am Internet publizéiert get (mindestens déi 50-Kilometer-Alternativ, also net onbedengt de groussen 70-100 KM-Tour), an ennerwé selwer 2 Stempelen siche goen. Och musst dir selwer während denen genannten Zäiten är Partizipatioun un den Organisator telephonéieren D’Telefonsnummer, wéi gesoot, all Woch eng aaner, steet op eiser UCNE-Internetsäit, oder kann bei mir oder der FSCL nogefroot gin.

No dem Rallye, de jo emmer als Départ an Arrivée Ettelbreck huet, mussen d’Fichen bei mir zu Ettelbreck (41, avenue Kennedy) obligatoresch an d’Bréifkescht geworf gin, fir dat mi als Veräin eng Kontroll iwert dess (offiziell) Aktivitéiten hun. An ech suergen dann och duerfir, dat si un d’FSCL weider geleet gin.

 

 

     3.) Randonnées Permamentes

 

Hei maache ech mir et méi einfach an iwerhuelen einfach mol den Text vum Weltzer Veräin den den Ed fond huet (duerfin hinnen villmols merci, och wann si näischt dovun wessen. Mé si hu bestemmt näischt dergéint).

 

Wéi fueren ech eng “EPREUVE  PERMANENTE”?

  1. Ech hun eng Cyclotouristenlizenz, dann därf ech fueren teschent dem 1.März en dem 31.September.
  2. Ech besuergen mer eng Parti Kontrollkärtercher (beim Mich. Reding) oder/an  maache mir Kopien dovun.
  3. Ech sichen mer eng Streck eraus, entweder aus der Sonderbeilag vun der Revue oder vum Internet-site vun Velo Woolz.
  4. Ech fueren op en Punkt vun der Streck, den ass dann mäin « Départ »den ech op d’Kärtchen schreiwen.
  5. Ech fueren d’Streck esou wi se uginn ass, an gin mer op all Kontrollpunkt (deck gedreckt) en Stempel sichen,  an en Bistro, op eng Tankstell, bei den Bäcker………  Dat ass dann “Contrôle 1, contrôle 2…………  Wann an engem Duerf keen Stempel ze kréien ass, fueren ech weider bis op eng Plaaz wou ech en Stempel kréien, an ginn dat op meger Kontrollkärtchen un. Verschidden Velo’sklibb hun och en Stempel an enger Bréifkescht.(Bech-Gare, Blaschette beim Restaurant, Limpach beim Café, Alzingen ………)
  6. Ech fueren op mäin Ausgangspunkt zreck.
  7. Ech fellen meng Kontrollkaart korrekt aus an schecken se un der Responsabelen vum Organisateur. Di Adressen stinn och an der Revue Sonderbäilaag. Et kann een awer och dem Mich Reding d’Kärtchen zukommen loossen.
  8. Ech därf all E.P. zweemol fueren, eng Kéier den een Wee an eng Kéier ëmgedréit.
  9. All Kärtercher mussen bis den 5. November eragescheckt sin!!!!!!!! fir datt d’Kilometeren  dem Fuerer ugerechent gin.

 

 

An domat sollt och dese Punkt ausféierlech erklärt sin.

 

 

 

Fir weider Erklärungen stin den Ed an ech gären zur Verfügung

 

 

Also dann, vill Spaass, an op eng Verbesserung am nationalen Veräins-Klassement.