Union Cycliste du Nord Ettelbruck

 

                                                                                                                                                                    

 zerëck op d'Haaptsäit   /   retour à la page principale   /   back to main page 

 

 Rapports’en vun den Sortien vun de leschten 4 Wochen
Aktuelles Allgemenges, Verschiddenes.... (page affichée actuellement)
Mountainbike   Strecken ronderem Ettelbrëck, Kaart a Profil
  Foto – Galleries  Fotoen, aktueller a manner aktueller...
Bibliothéik   Bicher vun eisen Memberen fir eis Memberen
Floumaart  ze verkaafen, sichen ze kaafen, ze verschenken
Liste des membres actifs Stand vum 26.08.2004

 

   

 

Aktuelles, Allgemenges, Verschiddenes...  

 

Den neien UCNE-Comité, resp. Organisatiouns- a Coordinatiounsgrupp setzt sech no der 1. Comités-Setzung folgendermoossen zesummen:

 

FERRARI Menn , président

THILL Jeff, secrétaire

MAYER Ed., trésorier

 

FERRARI Marco, respons. cyclotouristes adj., 

GLEIS Lucien, membre

MAYER Christiane, trésorier adj.,

PILANDON Olivier, coordination VTT en été

REDING Mich, gestion site internet, sélection circuits,.

STEFFEN Monique, membre

STEFFEN Robert, membre

WEBER Rob, responsable cyclotouristes.

ZENNER Marc, responsable coureurs licenciés

(23.11.2005)  

 

D'Etape du Tour 2006 ass den 10.07.2006.

Si huet 187 KM a féiert vun Gap (785 m) iwer de Col d'Isoard (2.360) an den Col du Lautaret (2.058) op d'Alpe d'Huez (1.860).

Provisoresch Inscriptiounen w.e.g. um Forum (absolut ouni Engagement, - just fir mol ze wessen.....)

(10.11.05)

 

 

Greenbis...een neien Restaurant zu Bissen....

Eise Frend an UCNE-Member, den Jeff Schanen vu Mertzeg, huet sech mat 2 Kollegen selbstänneg gemaach, a si hun am Zentrum vu Bissen een neien Café/Restaurant oopgemach (En Neibau op der Platz vum fréieren Grengen Eck).

Sie haten eis fir d'Ouverture eng Invitatioun gescheckt, mé well gené op desem 28. Oktober eis Generalversammlung mat anschliessendem Iessen geplangt war, konnte mir leider net mat hinnen feieren (puer vun eis hun trotzdem am spéiden Owend de Wé nach op Bissen fond).

Mir wenschen hinnen all Guddes a vill Succés bei deser neier Erausfuerderung, an hoffen de Jeff trotzdem och nach déi eng oder aaner Kéier an eisem Krees mat dem Velo rem ze gesin.

An ech sin secher, munschereen aus eisem Veräin wärt sech et net huele lossen, den Restaurant ze testen.....

 

(28.10.05)

 

MTB-Zäit ass Juegd-Zäit......

Dat wesse mir, an dat ass och (leider) net nei. Mé mir versichen sou wäit wéi méiglech desem Problem aus de Féiss ze goen.

Dat lescht Joer hate mir wirklech nemmen eng eenzeg Juegd begéint, an do ware mir och nach tiptop laanescht komm.

Leider get et nach emmer kengerlé Méiglechkeet, vun irgend enger 'offizieller' Säit (Gemeng, Juegdverband, asw.) gewuer ze gin, wéini a wou eng Klappjuegd ass. Gären géife mir den Sonnden an eng aaner Géigend fueren. Wa mir et nemme wéisten.....!

 

Sollt irgend een vun iech fir ee bestemmten Daag eppes méi präzises wessen, dat setzt déi Informatioun wa méiglech op den Forum. Sou kennen all eis Memberen, an och aaner Visiteurs'en vum Site, dat Bescht aus der Matdeelung maachen.

(20.10.05)

 

UCNE - Classement Cyclotouristes 2004....

..ass (endlech) ferdeg. Den Tableau kann hei gekuckt gin.

(20.10.05)

 

UCNE - Fotoen....

Eis Fotos-Gallerie get emmer méi grouss. Dess Biller kennen selbstverständlech fir den perséinlechen Gebrauch eroofgelueden an ausgedreckt gin. Wann d´Opléisung awer net sollt duergoen, da meldt iech weg. beim Ed an hien mailt iech déi gewenschte Fotoen an enger besserer Qualitéit.

(16.10.05)

 

UCNE - Uniformen

Verschidden Kleedungsstecker sin nach no de Summersaison bei der Firmam L.S. Sports op Lager. Sollt dir iech fir irgend een Deel interesséieren, da froot einfach mol no um 818 495 (L.S. Sports, Impasse Abbé Müller zu Ettelbreck, bei der Kiirch).

 

Folgend Saachen waren am Hierscht nach op Lager:

 

Tricot, kuurz Aerm: 1 x T4,  1 x T5,  2 x T6,  1 x T7

Laang Box:  1 x T7

Kurz Box:  1 x T4

(26.08.05)

 

Cyclocross WM 2006 den 28. an 29 Januar

......zu Zeddam an Holland

Wéi och schons d'lescht Joer organiséiert d'Union Cycliste vu Pétange eng Busrees op d'Weltmeeschetrschaft.

Präis: 150 € am Eeenzelzemmer oder 250 am Duebelzemmer (also 125 € pro Persoun).

Abegraff am Präis. Busrees, Owesiessen, Iwernuechtung, Kaffi moies. NET abegraff: Entrée fir d'WM.

Fir all weider Informatiounen:  Marie-Jeanne Burais, Tél. 50 98 02.

(08.07.05)

 

Déi ausschléislech e-Mail-Adress ....

......fir Courrier betreffend Cyclotouristen u mech ze schëcken ass:  ucn.ettelbruck@pt.lu            

Den UCNE-'Büro´ass och elo (endlech) op Mescheed (no-)geplennert. Aentwerten op Mails'en kommen also elo normalerweis eréicht owes (an net schons daagsiwer). Bei dringenden Ufroen dementspriechend léiwer am Geschäft um Tel. 81 23 95 nofroen.

 

Den UCNE-Forum ass um Site....

Zenter dem 10. Mé ass den UCNE-Forum um Site. Mat deser Optioun besteet d'Méiglechkeet Froen um Internet ze stellen, Froen déi vun jidferengem kenne gelies gin (wann et muss sinn, weltwäit), an déi dann och vun irgendengem (och weltwäit) kenne beäntwert gin (wann den se dann dohannen an Afrika gesäit a versteet).

Eng typech Cycliste Fro wär z.B. déi:  Ech géif nawell gären (z.B.am Ausland) folgend Randonné fueren....wien huet Loscht mat ze fueren ?

Oder: Ech hun folgenden Problem mat mengem Velo.....wien ka mir hellefen ?

Oder: Ech sichen ee Steck (Kader, Velo, Pedall, Trickot, asw,) ze kaafen., wou kann ech dat fannen ?

Git einfach mol kucken, a probéiert mol wéi dat geet a leeft.                                               

Wéi fonktionnéiert dat (fir déi, déi et net wessen) ?.

Et get 2 Méiglechkeeten:

1.) Nahrricht schreiben, - dat bedeit dir macht een neit Thema op (dat get duerno mat engem Punkt gezeechnet).

2.) Dir huet eng Nooricht opgemaach a geliess an dir wellt eppes zu desem Thema soen, also äntweren..

Dann schreiwt aeren Numm uewen, (Mail-adresse an URL kennt dir wech lossen), den Message an dat grousst Feld, an ennen 'ANTWORT' uklicken ! All Aentwerten kommen dann ennert déi ursprünglech Nooricht stoen.. 

Klengen Tip: Der Iwersichlechkeet halber, kennt dir och bei der Aentwert d'Iwerschreft (deelweis) läschen, - losst eventuell 'Re:' stoen - an mat e puer Wieder schon aer Aentwert undeiten. Den ganzen (Äntwert-) Text kennt dann, wéi beschriwen, drenner an dat grousst Feld. 

(11.05.05)

 

Wéi kréien ech 'offiziell' Kilometeren als UCNE-Member bei der FSCL ?

Kann nogeliess gin op folgender Internetsäit-Säit...

(25.04.05)

 

 zereck op den  Ufank vun der Säit

 

 

Onverännert Informatiounen 

 
·    Good-Year Velo Club: Trainingslager vum 29.04.05 - 07.05.05 a Frankräich

 

             Et fueren jo schons traditiounsgeméiss all Joer eng ganz Rei vun eise Memberen hei mat. 

             Hei kann een sech den Hotel 'Les Printanières' ukucken.

             Informatiounen iwert d'Provence op dësem Link . (Hei direkt de Link op d'Velos-Circuits'en an anner Sportarten).

 

             An hei dann den éischten (an eenzegen) Rapport vun deser flotter Velosvakanz bei ausschléislech herrlechem Wieder.    

             (08.05.05)

 

·    Site UCNE, Plakaten (z.B. d’MTB-Strecken)

Dësst sin WORD-Fichiers’en mat Fotoen.

Den Download dauert eben eppes méi laang. Also e besschen Gedold (15-30 Sekonnen, oder och nach méi, je no der Internet-

Verbindung).

            An natiirlech muss de WORD um Computer installéiert sin.                                                                                

 

·        UCNE – Bibliothéik ,  Bicher vun eisen Memberen fir eis Memberen

Op dem Site ass zenter dem 19 Januar 2004 d’Rubrik ’Bibliothéik’.

Eenzel Memberen hun sech bereet erklärt, hier Bicher den Kollegen aus dem Club zur Verfügung ze stellen.

Ech warden also op weider Titelen vun eisen Leit, déi ech op d’ Lëscht kann setzen.

Schëckt mir duerfir den Titel, den Autor, eng kuurz Beschreiwung an d’Säitenzuel eran.

 

Wann diir un engem Buch interesséiert sidd, dann kontaktéiert weg. dee Member deem säin Buch ët ass.

Ech denken, et ass selbstverständlech, dat dëss Bicher nët op onbestëmmten Zäit ausgeléint gin an innerhalb vun engem raisonablen Délai erem den Heemwé fannen. An dann nach: geléinte Bicher w.e.g. nët wieder verléinen, ëmmer zerëck un de Besetzer !

Vill Spaas beim Liesen.                                                                                                                                              

(08.03.04)

 

    ·     Downloaden vun MTB-Strecken a –Profiler

Wann dir d’MTB Karten an –Strecken wëllt um Site kucken, dann einfach normal opmachen. Daat ass och absolut ké Problem.

Et gët eréicht een wann dir dann dëss Filen wëllt oofspéicheren. Daat geschitt dann nähmlech ausschléisslech am BMP-Format an aus enger klenger 350 KB JPG-Datei gët beim Spéicheren eng ca. 12 MB (!) grouss BMP-Datei.

 

Wann dir d’Datei wëllt spéicheren, dann maacht de Fichier erem zou. Klickt emol mat der rechtser Maustaste op déi File (Streck oder Kaart) déi iech interesséiert a wielt direkt d’Optioun ’enregistrer sous’ oder ’save as’. Et dauert allerdengs elo e besschen, - nët ongedëlleg gin ! Elo kënnt dir den Dossier dohin spéicheren wou dir wëllt an him och een aaneren Numm gin. Op dëss Art a Weis gin d’Originalgréisst (vun z.B. 350 KB) an de Format (JPG) conservéiert.  (Natiirlech muss een d’Datei nët fir t’éischt kucken goen, - ët kann een och dësen 2. Schrëtt direkt maachen).

 

·        Helmpflicht a Spuenien

Zënter dem 1. Januar 2004 ass a Spuenien (dementspriechend och zu Mallorca an zu Rosas, - fir déi Leit déi mam GY-Velosclub an d’Trainingslager fueren) den Helm fir all Cyclisten obligatoresch ! 

(29.12.2003)

 

·      UCNE – Summersaison, Allgemenges zu den Rallyen (Notiz vun 2004)

Départs’en:

Samsden 13.03.04 ëm 13:30 op der Parkplaatz Déich  (rendez-vous: 13:25).    (rectifizéiert vun 14:00 op 13:30 !!)

(Samsdess fueren haaptsächlech eis Damen (an hiirem eegenen Grupp) an déi Leit, déi Sonndes nët kennen do sin.)

Sonnden 14.03.04 ëm 09:00 op der Maartplatz  (rendez-vous 08:55).

(Woubéi ze bemierken ass, dat den Haaptgrupp ëmmer Sonndes Moies ëm 9 Auer fiert.)

 

Als Virbereedung vun der Strossen-Saison, an virun allem och als Virbereedung op eis ’Meeschterprüfung’, d’Etape du Tour, schaffen mir fir un ze fänken virun allem un der Ausdauer. Duerfir rullen mir vun Ufank un Strecken, déi iwert denen Ufanksdistanzen vun denen vergaangenen Jooren leien. (D’FSCL geséit fir Rallyen Distanzen vun max. 50 Km viir, an mir kréien och nët néi Kilometer pro Sortie gutgeschriwen, égal wéi wäit mir wirklech fueren). Eis éischt Sortien werten virun allem zimmlech flach sin, a sollen, resp. mussen, onbedengt an engem (relativ) gemittlechen Tempo gefuer gin. Aanererseits gin d’Distanzen awer relativ séier bis op 80/90 Kilometer erop. Mé et besteet jo ëmmer d’Méiglechkeet, ëmnnerwé oof ze kierzen. Op déi virgeschriwen 50 KM kënnt op jidder Fall ëmmer jidfereen. Ech versichen, fir all Streck eng méi kuurz Alternativ viirzeschloen. Um Départ missten dann déi Leit, déi déi grouss Distanz nët wëlle mat fueren, sech oofschwetzen.

Am Prinzip gin d’Damen Samsdess d’Stempelen sichen oder brengen op d’mannst een vun denen 2 Stempelen mat, sou dat mir Sonndes (wahrscheinlech) zimmlech zügeg durchfueren kënnen.

 

An dann nach eppes:

Et darf dëst Joer pro Rallye nëmmen méi een (1) Kontrollbou mat den Nimm an de Stempelen an d’Federatioun geschëckt gin. D’lescht Joer huet Jenny a Menny esou é Bou ausgefëllt an ageschëckt. Op engem Rallye haaten mir esouguer 4 Béi bei der Féderatioun leien, wat natiirlech zu gewëssen administrativen Schwieregkeeten gefouert huet. Fir Leit, déi op eegen Fauscht dëss Strecken fueren wëllen, gët ët individuell Rallye’s-Fichen.

Wichteg: déi Leit, déi nët déi grouss Streck matfueren, mussen hier Stempelen op dém Ufanks-Deel sichen goen, den nach op der gemeinsamer Streck ass. Also keen Stempel vun der méi kurzer 50-KM Alternativ op d’Fichen maachen, well dësen Streckendeel ass nët bei d’FSCL geschëckt gin. 

Am Internet kënnt dir ëmmer d’Strecken no liesen, an och déi offiziell Telefonsnummer vum Weekend (ass all Woch eng aaner !).

All Cyclist deen individuell säin Rallye fiirt, ob Samsdeg oder Sonndeg, muss dann och onbedengt seng Participatioun op déi Nummer eran telefonéieren, an zwar Samsdeg zwëschen 14:00 an 17:00 Auer an Sonndeg zwëschen 09:00 an 11:30 Auer.

Well jo all Rallye durch Ettelbrëck féiert, diirft ët jo dann och ké Problem sin, fir duerno d’Fiche bei mëch an d’Bréifkëscht ze werfen.

Daat muss awer onbedengt direkt no der Sortie sin, an nët eréiht een oder zwee Deeg méi spéid !

W.e.g. d’Fiche nët selwer aschëcken, soss hu mir keng Kontroll  am Club !

 

Déi individuell Rallys-Fichen bestellen ech bei der FSCL (am Moment hun ech nach keng). Déi kënnt dir dann bei mir oofhuelen (grad wéi d’Fichen vun den Randonnées-Permanentes, - hun ech och nach keng am Moment). Wann ët sou wäit ass schëcken ech e kuurzen Mail an ët steet um Site.

 

Just kurz, an als Rappel zum Ufank vun der Stroosensaison:

Et ass ee Rallye, keng Course, also eng Sortie wou mir zesummen (relativ) gemittlech fueren. 

Vermeid w.e.g. brutal Tempowieselen.  

Wann en biergop geet oder iwert ee Faux-Plat, w.e.g. Tempo eraus huelen. Nët iwert all Kopp a Köppchen duerchzéien. 

No engem Bierg oder eng Kopp den Tempo während 1/2 – 1 Minutt eraus huelen (ët sief dann ët geet wirklech am Freilaaf biergoof), - jidfereen, och, a besonnesch déi lescht, sollen eng Chance kréien, sech é besschen ze erhuelen.

No Hindenisser wéi Barrièren, Kräizungen, Stoppschëlder, asw. am Schrëtttempo (oder baal) ufueren. Déi lescht brauchen eventuell Zäit bis si all d’Hinderniss gepackt hun. Déi méi ’schwaach’ Kollegen oder déi, déi ee schlechten Daag erwëcht hun, sin meeschtens hannen. A grad si sollen nët mussen sprinten fir no Hindernisser d’Lach erem zou ze fueren.

An da sollen déi Leit, déi am leschten Drëttel fueren, a virun allem den 2. leschten Mann am Grupp, vun Zäit zu Zäit ee Blëck no hannen werfen, fir ze kucken, ob nach all Mensch derbäi ass

Wann ët ze séier geet, an de Grupp auserneengerappt gët, - einfach schellen. Dat geet anzwëschen duer fir ze signaliséieren: méi lues w.e.g.

Verschiddener hun villäicht (nach) nët d’Gewunnecht, am Grupp ze fueren. Wann dir viir fuert, denkt drun dat dir ee ganzen Grupp uféiert.

Dat heescht fréizäiteg all Richtungsännerungen uweisen. All Richtungswiesel soll ugewissen gin, och wann ët nach esou selbstverständlech schengt (z.B. Oofbéien op d’Velospiste). Et geet duer, dat een nët mat de Gedanken derbäi ass, a schons rabbelt ët.

An och Informatiounen iwer Lächer an der Strooss oder aaner Hindernisser un d’Kollegen no hannen wieder gin. Déi hierersäits sollen d’Informatiounen dann, grad wéi d’Richtungswieselen,  weider no hannen gin.

 

zereck op den Ufank vun der Säit